«INITIATIV SCHWAARZT RENDVÉI»
D’Initiativ « Schwaarzt Rendvéi » ass eng
net méi ganz esou spontan Reaktioun op de Gesetzesvirschlag vum Deputéierte
Michel Wolter fir
en historeschen, traditionalisteschen a reaktionäre lëtzebuerger
Emblème zu eisem Nationalfändel ze maachen.
Mir huelen un, esou soll een de Fändel och besser vum franséichen a vum hollännesche
kënnen ennerscheeden, aus Respekt virunn all eise Matbierger, déi sech entweder gären
permanent and enger horizontaler Positioun befannen resp. Faarweblann sinn.
D’Initiative « Schwaartz Rendvéi » ass ausdrécklech net politesch,
mee hofft eemol esou ze ginn wann se grouss a staark ass; well fir eis ass
all gesellschaftlech Handlung politesch, och wann een de Géigendeel déklaréiert.
Se huet och keen nationalisteschen oder patrioteschen Ursprong. Mir wessen zwar net wisou daat hei steet,
mee et schengt mol gudd ze maachen an d'Gewessen ze berouegen. Dofir schreiwe mir daat och heihinn.
D’Initiative well déi Leit zesummebrengen,
- déi d’Idee vum Roude Léiw als Emblème absolut eefalteg fannen
an déi sech e Schwaarzt Rendvéi als Emblème wënschen,
fir eis Regierung och besser vun aneren kënnen ze ennerscheeden.
- déi einfach insgesamt all Fändelen domm fannen oder Angscht virun hinnen hunn; déi och
keng Loscht méi hunn entweder fir en aale Roude Léiw oder e roud-wäiss-bloe Fändel
ze ennerschreiwen.
- déi vu lauter Fändelen net méi wesse wou hiere Kapp steet an sech rem wëllen op
Wesentleches konzentréieren. (Mir wëllen domadder net soen, datt mam Roude Léiw soll
absichtlech vun iergendepppes oofgelenkt ginn... soss ginge mer jo Krich féieren, wéi all aanere
seriöe Staat deen eppes op sech hällt)
Ahjo, iwwregens hu mir e Forum wou ee wierklech eppes schreiwe kann ;)
Aktioun „Autocollant“
D’Initiativ «
Schwaarzt Rendvéi » huet Autocollanten drecke gelooss
mam
Schwaarze Rendvéi an engem Slogan
Ech sinn dofir - Hu soss keng Péng. Jiddereen deen d’Initiativ
Schwaarzt Rendvéi ennerstëtze wëll, kann dësen Autocollant op
säin Auto pechen. (Et ass awer och net verbueden en sech op d’Stir, op d’Hausdir, vun hannen oder
vir op dem Papp säi Gefir oder soss entzwouch hinn ze pechen)
D’Autocollanten kann ee bestellen op der e-mail Adress
Sorry, mee mir hu keng Pechbiller méi.
Dir kënnt awer och weiderhinn gären en
Don op eise Konto bäi der Fortis maachen fir
dës a weider Aktivitéiten ze ënnerstëtzen.
En ev. Erléis geet un
d’Déierenasyl.
BIC: BGLLLULL
IBAN: LU89 0030 2548 5070 1000
Ënnerschrëftelëscht
Dir musst a sollt hei iwwerhaapt näischt, ausser iech Froen ze stellen.
Mee well mir wësse wéi gären dass d’Leit iergendswouch ënnerschreiwen,
kenn Dir iech an eis Ënnerschrëftelëscht androen.
Kontakt
D’Leit déi wëlle mat eis meckeren, mat eis diskutéieren oder aktiv mathëllefen.
(z.B. schwaarz Källef ziichten, eis Blummen nätzen, aus Lëtzebuerg emigréieren)
kënnen sech mellen op der E-mail Adress
info@initiativ-schwaarztrendvei.lu oder per
Kontaktformular.
Visiten
Mir hu kee Plang wéivill Leit op deser Säit scho waren, an ët ass eis och puupegal.
Mir sinn online, a stolz drop, säit dem 24.11.2006